Weirich.lu ass e Familljebetrib / Aussiedlerhaff zu Gouschteng bei der Musel.
Bei eis um Haff läit de Schwéierpunkt ob de Mëllechkéi mat hirer Nozuucht an och dem Fleeschvéi.
Nieft de Kéi baue mir och Kären un
an am Wéngert gëtt et eis och ni langweileg.
Virun allem hun mir Mëllechkéi un den Rassen Hostein an Braunvieh. Sie wunnen an engem modernen, komfortablen Stall mat automatescher Fidderung an Streichroboter. Hier gudd Mëllech verkaafen mir un d‘Luxlait die lauter gudd Mellechprodukter draus mecht.
Dann wunnen och nach d’Charolaisen bei eis um Haff, d.h. den Stéier mat sengen Kéih an Kalwer als grouss Famill. Sie suegen fir Rëndfleesch ob eisen Telleren.
Do dernierft hun mir och nach Highlands. Sie brauchen keen Stall, daat sin ons Naturborschten. Sie haalen eis Naturschutzflächen proper.
D'Freed vun eise Kanner sinn eis Klengdéieren: Bei den Schoof, Henger, Kanengercher an Katzen fannen sie emmer eng se dinn oder kennen einfach bei hinnen relaxen.
Eis Ieselen sin direkt interesseiert wann Besuch um Haff ass. Mat hinnen kann een richteg flott an der Emgeigend trëppelen goen.
Déi neisten Déieren bei eis um Haff sin d‘Haflinger Paerd. Sie gin vun eisem Medchen geridden an vun eis aaner verwinnt. Hier Fillen suegen emmer fir Attracktioun um Haff.
An eisen Wengerten wuesen Wain an Tafeldrauwen.
Déi ganz Gamme vun Lëtzebuerger Zorten sin an eisen Wengerten vertrueden vun Auxerrois iwer Pint-Noir bis Riesling. Sie gin 100 Deeg no der Bléi mat Leift gelies an unschleissend am Keller vun Domaines Vinsmoselle zu Wain an Cremant verschafft.
Bei den Tafeldrauwen hun mir d‘Sort Muscat bleu. Dës Drauw brauchen mir net se sprëtzen, well sie pilzresistent ass. Wann d‘Drauwen den September zeideg sin kritt dir se direkt bei Eis um Haff ze kaafen oder dir fannt se an dem engen oder aaneren Supermarché hei am Land.
Um Flouer bauen mir Broutwees, Wantergeescht an Silomais un.
Den Wees geet an enger Millen zu Miehl gemuelen. D‘ Geescht fannt dir am Béier zreck oder an Fudder fir d‘ Keih an den Mais maachen mir an den Silo fir den Wanter eis Kéih ze fidderen.
Mir bidden aktivt Léieren um Haff, wou Spill a Spaass net ze kuerz kënnt. Learning by doing.
Eis Stalldiere sinn op fir Schoulklassen vum Cycle 1 bis 4 a Crèchen.
Weirich.lu fannt dir zu Gouschteng, 50 Rue Sangels, 1 km Richtung Uewerdonven.
Sidd dir interesséiert, da maacht nach haut e Rendezvous beim Marianne ärem Usproochpartner (+352 621 219040). Eis Déieren a mir freeë sech op äre Besuch.
Mir hun een groussen Sall, wou d‘ Kanner kënnen picknicken, bastelen etc. wann d‘ Wieder mol net esou gudd ass.
Mail : haff@weirich.lu
2014 Template by W3layouts
Icons by Roundicons